Vir déi 10 Editioun PSC vum T71 Diddeleng goufen et am Virfeld flott Pläng an awer war een sech duerch den ganzen Summer net sëcher. An effektiv koum alles anescht ewéi geplangt. Och dësen Event ass dann awer Affer vum COVID-19 ginn an huet missten ganz annuléiert ginn.

Do wou déi aner Joren wärend 3 Deeg laang em déi 100 jonk Spillerinnen an Spiller mat hiren Coachen an den Senior Spiller vum T71 fläisseg trainéiert hunn an sech vir déi nei Saison virbereet hunn, ass d'Hal eidel bliwwen an et huet een keen Ball héieren tuppen. Eng ongewëss Saison stoung virun der Dier an natierlech huet jiddereen gehofft et géing séier an schnell erëm Normalitéit antrieden. Et sollt awer eng ganz onstabil Saison 2020-2021 ginn mat ëmmer erëm neien Reegelen an neien Organisatiounsformen vun Trainingen. Leider séier och dann guer keng Mätscher an Tournoien méi am Jugendberäich.

Vir deenen jonke Spillerinnen an Spiller, déi sech awer elo gefreet haten ze trainéieren, awer en Basketfeeling ze ginn huet d'Jugendkommissioun konnten mat Hëllef vum Sponsor Batitoiture deem mir hei en groussen Merci wëllen soen, trotzdeem en Hoodie an en T-Shirt drécken gelooss mat «Save the PRE-SEASON-CAMP 2020». Wat een super Geste vum Sponsor well obwuel näischt réëll konnt stattfannen ass esou d'Gefill bliwwen zesummen ze gehéieren an gemeinsam duerch d'Kris ze goen déi eis nach méi laang sollt beschäftegen.

Mir hoffen all op eng nei Ausgab am Joer 2021 wou dann déi 10 Editioun géing gefeiert ginn.